Questions parlementaires
Sécherheet vu sensibele Gespréicher bei der Arméi
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2024/03/asian-man-army-and-tablet-in-research-for-militar-2023-11-27-05-13-38-utc.jpg)
An Däitschland ass een Gespréich vun Membere vum Militär iwwert Taurus-Rackéiten vu Russland ofgelauschtert ginn. Laut ZDF-Informatiounen huet d’Gespréich wierklech stattfonnt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gräift d’Lëtzebuerger Arméi fir intern Kommunikatioun op Web-Konferenzen zréck?
Gräift d’Lëtzebuerg Arméi fir Kommunikatioune mat externe Partner op Web-Konferenzen zréck?
Ginn Messenger-Déngschter wéi Whatsapp oder de Messenger vu Meta fir d’Kommunikatioun tëscht de Membere vun der Arméi genotzt? Wa jo, gesäit d’Regierung hei kee Sécherheetsrisiko?
QP Nummer 416