Connect with us

Questions parlementaires

Gemengewebsäiten op Lëtzebuergesch

Lëtzebuerg huet 100 Gemengen an deemno och 100 Gemengewebsiten. Dës Websiten spillen hautzedags eng kruzial Roll an der Kommunikatioun mam Bierger an erliichteren d’Zesummenaarbecht tëschent de Bierger:innen mat hirer Gemengeverwaltung. Dat spuert Zäit. Fréier huet een nach missten op d’Gemeng goen, fir administrativ Démarchen ze maachen oder Dokumenter ze kréien. Och fir Informatiounen ze kréien huet een als Bierger missten entweder physesch op d’Gemeng goen oder selwer an Zeitungen, Flyeren oder bei de Reider nokucken goen. Doduerch, dass d’Gemengen Websäiten hunn, kënnen d’Bierger:innen sech also schnell informéieren. Wien selwer nokucke geet, dee gesäit, dass vill Websäiten bis ewell awer nëmmen a franséischer Sprooch ugebuede ginn, souwuel wat d’Menü-Navigatioun ugeet wéi och d’Inhalter op der Website. Fir vill Leit ass dat eng Hürd, well si d’Informatiounen net verstinn oder Verständnisproblemer mat der frankophoner Sprooch hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gemengewebsäiten hei am Land sinn op lëtzebuergesch?

  2. Wéi vill Gemengewebsäiten hei am Land bidde méi wéi zwou Sproochen un?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 404

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert