Connect with us

Questions parlementaires

Schlofhändler

An der rue du Commerce zu Keel gouf rezent ee Wunnhaus ofgerappt, dat an der Nuecht op de 6. Dezember 2022 gebrannt hat. Bei dem Brand goufen zéng Leit zum Deel schwéier blesséiert. E sechs Joer ale Bouf ass un de Suite vu senge Blessure gestuerwen. Och wann d’Ursaache vun deem Brand bis well nach net definitiv opgekläert sinn, déit dëse Fall dach op eng Realitéit hin, déi gäre verkannt gëtt: 23 Persoune waren zum Zäitpunkt vum Brand am Gebai. Sechs Familljen hunn do gewunnt, woubäi d’Keeler Gemeng lo seet, dat do maximal dräi Logementer méiglech wieren.   Als „habitat indigne“ bezeechent een: „Raimlechkeeten, déi zu Wunnzwecker genotzt ginn, obwuel se heifir net virgesi sinn oder Gebaier, déi hier Bewunner duerch hire schlechten Zoustand a Gefor bréngen.“  Als Schlofhändller bezeechent een „un propriétaire qui abuse de ses locataires en louant très cher un logement indigne, les mettant directement en danger : insalubrité, suroccupation organisée, division abusive de pavillons, etc.“ . D’franséisch Regierung, vun där dës Definitioune stamen, werft dëse Leit fir, „entretiennent l’habitat indigne et le mal-logement tout en exploitant la détresse des plus démunis,“ an huet dofir d’Sanctioune verschäerft (Ministère de la Transition écologique et de la Cohésion des territoires : Mesures de lutte contre l’habitat indigne et les marchands de sommeil, 8.09.23, https://www.ecologie.gouv.fr/mesures-lutte-contre-lhabitat-indigne-et-marchands-sommeil). De belsche Code pénal (article 433decies) gesäit souguer eng Prisongsstrof fir, fir deen, deen d’Vulnerabilitéit vun enger Persoun ausnotzt, fir en aussergewéinleche Profit duerch Logementer ze maachen.   Hei zu Lëtzebuerg se virun allem di sougenannte Kaffiszëmmere reegelméisseg Thema. Well och hei kënnt et vir, dat Proprietäre ganz Haiser a sougenannt «Colocatiounen» ëmwandelen, déi se dann u Leit verlounen, déi um lëtzebuergesche Wunnengsmaart keng Chance hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Den Artikel 3 vum Gesetz vum 20. Dezember 2019 relative aux critères de salubrité, d’hygiène, de sécurité et d’habitabilité des logements et chambres donnés en location ou mis à disposition à des fins d’habitation gesäit fir, dat all Proprietär oder Exploitant, deen Zëmmere verlount oder zur Verfügung stellt, dës Zëmmer am Viraus beim Buergermeeschter vun der Gemeng melle muss an och ugi muss, wéi vill Persounen an deenen Zëmmere liewe kënnen. Den Artikel 6 gesäit dann och fir, dat de Proprietären e Regëster vun de Locatairen hale muss. Wéi vill där Zëmmer goufen iwwer Land gemellt, wa méiglech mat enger Opschlësselung pro Gemeng? Wéi vill Leit sinn aktuell a sou Zëmmeren ugemellt? Wat ass hei d’Moyenne vun de Bewunner vun engem Zëmmer? Wat ass déi héchsten Unzuel u Bewunner déi an engem Zëmmer (esou wéi d’Gesetz et definéiert) ugemellt sinn?

  2. Wéi vill Kontrolle goufen an de leschten 3 Joer duerchgefouert?   

  3. A wéi vill Fäll koum et bei dëse Kontrollen zu Beanstandungen? Wat fir Beanstandunge waren dëst? A wéi vill Fäll goufe Strofe verhaang, sou wéi dat am Art. 7 vum Gesetz virgesinn ass?

  4. A wéi vill Fäll goufe Logementer als net bewunnbar, well net gesetzeskonform, erkläert an d’Proprietäre forcéiert, hier Locatairen ze relogéieren, sou wéi dat am Art. 5 vum Gesetz virgesinn ass?

  5. A wéi vill Fäll gouf de Parquet ageschalt?

  6. Wéi kontrolléiert eng Gemeng op ee vun hinne proposéierte Logement, deen Drëtte gehéiert, gesetzeskonform ass?

  7. Wien ass ausser de Gemengen an de Commissions des loyers hei nach een Uspriechpartner fir déi Betraffen? Vue datt Betraffener oder och Noperen oft net wëssen, u wee se sech wende kënnen, wier et net ubruecht, wéi zum Beispill a Frankräich, eng national Telefonsnummer anzeriichten, wou si kéinten Hëllef kréien? 

  8. Fir de Fall, dat zu enger oder méi vun dëse Froe keng Donnéeë virleien, wat gedenken déi zoustänneg Ministèren ze maachen, fir an der noer Zukunft eng besser Asiicht an dës Thematik ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 855

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert