Connect with us

Parlamentaresch Froen

Dateschutz bei ëffentleche Steeën

An der Äntwert op meng Fro n°1971 iwwert d’Versteeë vun Immobilien goung ervir, datt zanter 2019 insgesamt 1.364 Immobilien op ëffentleche Steeën verkaaft goufen.
Am Kader vun forcéierte Venten ass et virgesinn, datt dës Steeën an enger Zeitung verëffentlecht ginn, mat den Informatioune vum Geriichtsuerteel an dem Optrag vum Dierwiechter. Dëst ass wichteg, fir Transparenz ze garantéieren an et all Interesséierten z’erméiglechen, un der Stee deelzehuelen.
Allerdéngs stellt sech d’Fro, ob et wierklech noutwenneg ass, datt an dëse Publikatiounen och d’Nimm vun de betraffene Persounen verëffentlecht ginn. Dës Praxis kann déi betraffe Leit staark belaaschten an zu Spekulatiounen, sozialer Stigmatiséierung an engem Ruffschued féieren. Am Hibléck op Privatsphär, Dateschutz a Proportionalitéitstellt sech d’Fro, ob dës Form vun Transparenz net iwwert dat erausgeet, wat fir d’Duerchféierung vun enger ëffentlecher Stee néideg ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung den Tableau aus der Äntwert op meng Fro n°1971 mat den Zuelen fir d’Joer 2025 ergänzen?

  2. Wéi vill Steeën vun Immobilien waren am Kader vun enger Vente forcée?

  3. Sinn an dëse Fäll systematesch d’Nimm vun de betraffene Persounen an de Publikatiounen verëffentlecht ginn?

  4. Ass et gesetzlech obligatoresch, datt d’Nimm vun de betraffene Persounen an esou Publikatiounen mussen dra sinn?

  5. Wäert d’Regierung op de Wee goen, fir eng anonymiséiert oder reduzéiert Publikatioun méiglech ze maachen, wou d’Nimm vun de Betraffene net publizéiert ginn?  Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3940

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert