Connect with us

Parlamentaresch Froen

Subsides accordés par le Luxembourg Film Fund

https://www.chd.lu/fr/question/30720

https://www.chd.lu/fr/seance/3087?sequenceId=276325

De Luxembourg Film Fund gëtt zënter Jore mat substantiellen ëffentleche Mëttel finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kréien. Gläichzäiteg geet aus de Joresrapporte vum Filmfong an aus der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3401 ervir, datt e groussen Deel vun dëse Mëttelen un eng relativ kleng Unzuel u Produktiounsfirme fléisst.

Wéi een an der Press déi lescht Wochen héieren a liese konnt (Tageblatt an RTL vum 23. Abrëll 2026), ass d’Filmbranche zu Lëtzebuerg an enger schwiereger Situatioun. 

Firmen, déi jorelaang Subsiden aus dem Filmfong kruten, wéi zum Beispill Wady Films oder Paul Thiltges Sàrl, wäerten hir Dieren zoumaachen. 

De President vun der Association luxembourgeoise des techniciens de l’audiovisuel (ALTA) schwätzt vun engem historeschen Déifpunkt vun der lëtzebuergescher Filmbranche a seet, dass 53 Prozent vun den ALTA-Membren net dru gleewen, bis 2029 hirem Beruff nozegoen. Vill Filmtechniker géifen ophalen, well een net méi vum Beruff liewe kéint. 

„Fir de President vun der ALTA läit dat awer net just un deem grousse Wandel, deen d’Filmbranche weltwäit erlieft. Hie gesäit och de Filmfong an der Verantwortung. Et géif ze vill Aarbecht an d’Ausland goen.[…] D’Reegele ginn ëmmer erëm adaptéiert. Ech soen elo och ganz frech, si ginn oft adaptéiert zu Gonschte vun de Produzenten.”

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi garantéiert d’Regierung, datt d’Mëttele vum Filmfong dem nationale Filmsecteur an de lokale Beschäftegten zegutt kommen, an net zum groussen Deel am Ausland agesat ginn?
  2. Wéi bewäert de Minister d’Kritik aus der Branche, datt vill Aarbecht an d’Ausland verluecht gëtt an datt d’Subventiounen net genuchlokal Wäertschafung generéieren?
  3. Gedenkt d’Regierung, d’Critèrë vum Filmfong unzepassen, fir méi lokal Beschäftegung, lokal Prestatiounen an eng méi staark national Filmindustrie ze garantéieren?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert