Connect with us

Parlamentaresch Froen

FRO.LU: Foussfessel als Alternative zu Prisongsstrof

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Äntwert op meng Fro n°3805 hat d’Ministesch informéiert, dass aktuell zwou Persounen am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) als Fleegefäll agestuuft sinn. Dës Weideren äntwert d’Ministesch, dass der Prisongsverwaltung kee Fall bekannt wier, wou eng Persoun eng Demande op eng elektronesch Iwwerwaachung (zum Beispill eng Foussfessel) gestallt hätt an dës refuséiert krut.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir elektronesch Iwwerwaachung goufen an deene leschte 5 Jore gestallt a wéi vill dovunner goufe refuséiert oder ugeholl? Aus wéi enge Grënn goufen d’Demanden net ugeholl?

  2. Wat sinn déi gesetzlech Konditiounen, déi eng Persoun erfëlle muss, fir en Antrag op eng elektronesch Iwwerwaachung ze stellen an accordéiert ze kréien?

  3. Wat sinn déi medezinesch Konditiounen, déi eng Persoun erfëlle muss, fir en Antrag op eng elektronesch Iwwerwaachung ze stellen an accordéiert ze kréien? Wéi ginn extern medezinesch Expertisen, déi d’inaptitude à la détention zertifiéiere bewäert a wiem säi Constat ass hei ausschlaggebend an decisiv fir een Accord?

  4. Ass et korrekt, datt finanziell Obligatiounen, wéi zum Beispill Geldstrofen oder Indemnitéiten un d’parties civiles, mussen ofgeschloss sinn, éiert een Antrag op elektronesch Iwwerwaachung berécksiichtegt gëtt? 

Fro n°4002

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4002

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert