Questions parlementaires
Besteierung vum REVIS
No Informatiounen aus dem Rapport vum Ombudsman vun 2025, ginn et Fäll, wou d’Beneficiairen vum REVIS net doriwwer informéiert sinn, dass de REVIS – a Kombinatioun mat aneren Akommessen – besteiert gëtt. Vill betraffe Persounen géifen dacks eréischt spéider feststellen, datt si steierflichteg sinn. An eenzele Fäll huet dëst dozou geféiert, datt d’Persounen iwwert Joer zeréck retroaktiv besteiert goufen an duerno mat héije Steiernozuelungen konfrontéiert goufen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill REVIS-Beneficiairen hunn an de leschte fënnef Joer retroaktiv Steieren missten nobezuelen am Zesummenhang mam REVIS?
Wéi gëtt aktuell garantéiert, datt Beneficiairen vum REVIS kloer an verständlech iwwert d’Besteierung vum REVIS informéiert ginn?
Wéi wäert de Staat REVIS-Empfänger ënnerstëtzen, fir Steier-Iwwerraschungen duerch retroaktiv Besteierung ze verhënneren?
QP Nummer 4071
