Connect with us

Questions parlementaires

Mission humanitaire Global Sumud Flotilla

Den Ausseminister huet op d’Fro n°4019 bestätegt, dass ee Lëtzebuerger Staatsbierger souwéi Lëtzebuerger Residenten, déi op der Missioun Global Sumud Flotilla deelgeholl hunn, op internationale Gewässer vun der israeelescher Arméi matgeholl goufen. No der Interventioun duerch déi israeelesch Autoritéiten huet och Lëtzebuerg konsularesch an diplomatesch Moossname fir déi betraffe Bierger:innen an d’Weeër geleet, wat natierlech Ressourcë kascht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Lëtzebuerger Staat am Kader vun dësem Dossier Käschte fir Fluchbilljeeën, Rapatriementer oder aner Käschten am Zesummenhang mat dësem Dossier iwwerholl? 

  2. Falls jo,  • wat huet dëst de Staat bis elo kascht? • ginn dës Käschten integral vum Staat bezuelt oder gëtt eng Participatioun oder ee Remboursement vun de betraffene Persoune gefrot?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4078

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert