Connect with us

Questions parlementaires

Rettung vu Wëlldéieren

Den Ëmweltminister hat op virëg parlamentaresch Froen (dorënner n°2578) bestätegt, datt invasiv Déierenaarten zu Lëtzebuerg dout gemaach ginn (Fro n°2578).   Leit, déi ee verletzten Déier fannen, kënnen dëst an d’Wëlldéierestatioun op Diddeleng bréngen (Centre de soins pour la faune sauvage), wou d’Déier op der Plaz ka gehollef kréien. Et existéieren och Drop-Off-Statiounen zu Nidderfeelen, Jonglënster a Clierf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill wëll Déiere goufen an de leschten zwee Joer an der Wëlldéierestatioun zu Diddleeng opgeholl, opgedeelt no follgenden Déierenaarten: • Wäschbieren, • Réi, • Wëllschwäin, • Muffelen, • wëll Villercher?

  2. Gëllt fir invasiv Aarten, ewéi de Wäschbier, e generellt Verbuet vun der Auswëlderung a muss d’Déierestatioun d’Déier dout maachen oder ginn aner Léisungen virgezunn?

  3. Dierfen d’Leit och Déieren an d’Wëlldéierestatioun bréngen, déi hannert der lëtzebuergescher Grenz fonnt goufen? Falls nee, firwat net?

  4. Wéi vill Wëlldéieren goufen an de leschten zwee Joer an der Wëlldéierestatioun • nees ausgewëldert, • dauerhaft placéiert, • dout gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4089

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert