Questions parlementaires
Wéi eng Kleeder fir de Schwammcours?
D’Schwammcoursen an de Primärschoule gi vun den eenzelne Gemengen hei am Land ënnerschiddlech organiséiert. An de Primärschoule ginn et ënnerschiddlech Reegelen a Praktiken, wat d’Schwammkleeder vun de Kanner ugeet, wat och vun der Schwemm ofhänkt, wou d’Kanner higinn. Verschidden Elteren hu mir zougedroen, dass hir Kanner verbuede kruten, fir ee klassesche Maillot unzedoen an hu missten ee Bikini undoen, fir dierfen um Schwammcours deelzehuelen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kënne Meedercher obligéiert ginn, fir ee Bikini unzedoen, oder geet ee klassesche Maillot duer, fir um Schwammcours dierfen deelzehuelen?
Kënnen d’Schoule Kanner dozou verflichten, fir e bestëmmte Modell vu Schwammkleeder unzedoen, notamment e Bikini oder bei Jongen, eng kuerz Schwammbox?
QP Nummer 4126
