Connect with us

Questions parlementaires

Reeszäit vum Schnelltram (Südtram)

De 4te Juni huet d’Ministesch an der Sitzung vun der Kommissioun fir Mobilitéit bestätegt, datt d’Planung vum Schnelltram geännert gëtt: den Arrêt gëtt net op d’Säit vu Steebrécken (Pontpierre) gebaut, mee soll op d’Säit vu Wickreng bei de Projet vum GridX gesat ginn.  Déi offiziell Pläng vun 2024, wou virdrun nach iwwerhaapt keng Haltestell zu Steebrécken/Wickreng virgesi war, weisen eng Gesamtreeszäit vun 31 Minutten op der 18 Kilometer laanger Streck. Déi nei Variant vun 2026 mam Arrêt GridX weist eng Gesamtreesezäit vun 33 Minutten a 40 Sekonnen un, also eng Differenz vu méi wéi 2 Minutte pro Tram. Op der Deelstreck vun 10 Kilometer geet d’Reeszäit vun 9 Minutten an 30 Sekonnen op 11 Minutten a 40 Sekonnen, also och erëm 2 Minutten méi Zäitverloscht pro Tram. Den Aussoe vum CEO vu LuxTram no géif den Zäitverloscht op der Streck awer nëmmen 1 Minutt bedroen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill zousätzlech Reeszäit entsteet duerch d’Ännerung vun der Haltestell beim GridX op der Streck Belval – Stadion am Verglach zu den Zuelen, déi am Joer 2024 präsentéiert goufen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4266

Continue Reading