Questions parlementaires
Verspéit Ausbezuelung vum Chômage – Nofro
Den Aarbechtsminister hat a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3926 erkläert, datt et am Abrëll 2026 bei engem Deel vun de Chômage-Indemnitéiten zu Verspéidungen koum. Um Site vun der ADEM ass am FAQ erklärt, dass d’Suen de 5te Schaffdag vun all Mount iwwerwise ginn. Fir de Juni ass dëst de 5te Juni, woubäi d’Suen, jee no Bank, dann Méindes den 8ten géifen um Konto sinn. An engem weidere konkrete Fall huet mir elo eng Persoun gemellt, datt den Datum vun hirer Indemnitéit erréicht den 12te géif erfalen. Dëst, obwuehl hiren Dossier bei der ADEM keng Irregularitéiten huet. Fir déi betraffe Famill ass dëst eng akut finanziell a psychologesch Belaaschtung.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass et am Juni erëm zu Verspéidungen bei der Ausbezuelung vum Chômage komm? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir?
Wat sinn d’Grënn dofir, dass Paiementer a verschiddene Fäll esou spéit erfollëgen, wann d’Dossieren an der Rei sinn?
QP Nummer 4274
