Connect with us

Questions parlementaires

Verspéit Ausbezuele vun der Loyerssubventioun

D’Loyerssubventioun ass fir vill Stéit eng wichteg Hëllef, fir d’Laascht vum Loyer ze droen. Grad bei Leit mat engem méi nidderegen Akommes kann eng verspéiten Ausbezuelung dozou féieren, dass séier finanziell Engpäss entstinn. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3673 hat de Minister Zuelen zu de laange Beaarbechtungsdelaië bei der Loyerssubventioun virgeluecht. Aus dësen Zuele geet ervir, dass et eng Normalitéit ass, dass bal d’Halschent vun den Dossiere méi wéi 3 Méint brauchen, bis d’Suen ausbezuelt ginn. Am Joer 2025 sinn iwwert dausend Dossieren eréischt no méi wéi 200 Deeg behandelt ginn. Mir gouf vu Persounen zougedroen, dass si och dëst Joer nach op d’Ausbezuelung vu Januarsubventiounen waarden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Dossieren am Kader vun der Loyerssubventioun stoungen am Juni 2026 nach op?  Kann de Minister dës Dossieren no der selwechter Opschlësslung wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3673 oplëschten?

  2. Wat ass d’Erklärung dofir, dass esou vill Dossiere méi wéi 3 Méint brauchen, bis se ausbezuelt ginn?

  3. Wéi vill Beamte schaffen am Service vun de Loyerssubventioun a wéi huet sech de Personalbestand zënter 2018 entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4275

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert