Questions parlementaires
Iwwerhuele vun Affekotskäschten duerch de Staat – Nofro nom Uerteel Lunghi
Esou wéi RTL.LU den 3te Juni gemellt huet, goufen déi fréier Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram am Appellprozess (Arrêt n°278/26 vum 3te Juni 2026) an der sougenannter Affär Lunghi, dem Ex-Direkter vum Mudam, fräigesprach. Am Geriichtsuerteel gëtt ervirgestrach, dass een sech an der Funktioun vum Ex-Mudam-Direkter ee Verhalen kéint erwaarden vu „retenue, de maîtrise et de professionnalisme“. An dësem Kontext hat ech a virege parlamentaresche Froen (n°3127, n°3272, n°3824) d’Iwwerhuele vun den Affekotskäschten duerch de Staat an der Affär Lunghi thematiséiert. An der Äntwert op meng Fro n°3127 hat de Minister geschriwwen: Allgemeng ass et esou, dass e perséinleche Feeler vun engem Agent dozou féiert, dass de Staat vu senger Protektiounspflicht entbonnen ass. An deem Fall mussen d’Affekotekäschten zeréckbezuelt ginn. Et stellt sech elo d’Fro, no dësen Urteeler an der erwisener Onschold vun den Ugekloten, ob d’Regierung dës Steiergelder vum Ex-Mudam-direkter wäert zeréckfroen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wäert de Staat d’Affekotskäschten, déi se dem fréiere Generaldirekter vum MUDAM am Kader vun dëser Geriichtsaffär virgestreckt huet, zeréckfroen? Falls nee, firwat net?
QP Nummer 4276
