Questions parlementaires
Automatesch Ofmeldung vu Gefierer bei der SNCA
Bei Gefierer, bei deenen de Certificat vum Contrôle technique iwwer eng méi laang Zäit ofgelaf ass, kann et zu enger automatescher Ofmeldung vum Gefier duerch d’SNCA kommen. Wéi mir an engem konkrete Fall zougedroe gouf, ginn d’Proprietären dobäi awer net onbedéngt automatesch iwwert dës Ofmeldung informéiert. Doduerch kann eng Situatioun entstoen, an där de Proprietär weider am Besëtz vun deenen zwee Deeler vum Certificat d’immatriculation, also der groer an der gieler Kaart, bleift, obwuel d’Gefier am System vun der SNCA net méi immatrikuléiert ass. Och d’Plaquennummer ka spéider ewechfalen, ouni datt déi betraffe Persoun doriwwer informéiert gëtt. An och mat engem ofgelaafenen Certificat de Contrôle technique kann ee sech weiderhin fir spezifesch Fäll nach mam Gefier deplacéieren (zum Beispill, fir an de Contrôle technique ze fuehren). Gläichzäiteg schéngt et virkommen, datt d’Administration des Douanes et Accises weider d’Autosteier verlaangt a wann de Proprietär dës bezillt, d’Gefier weiderhin eng gülteg Steiervignette huet. Dës Situatioun wërft e puer Problemer op, virun allem fir d’Sécherheet, well bei enger Kontroll vun de Pabeieren d’Police net direkt gesäit, ob d’Gefiersdokumenter nach der Richtegkeet entspriechen, ausser si kontrolléiert dëst am informatesche System. Donieft stellt sech d’Fro, ob eng Plaquennummer, déi net méi fir de viregte Proprietär reservéiert ass, theoretesch engem anere Gefier zougewise ka ginn, an esou zwee Autoen mat der selwechter Plaquennummer am Land fueren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ginn d’Proprietäre vun engem Gefier ëmmer informéiert, wann d’SNCA een Auto exmatrikuléiert, a wa jo, iwwer wéi ee Wee a mat wéi engem rechtleche Beweis vun der Notifikatioun?
Wéi erkläert d’Madamm Ministesch, datt d’Douane an esou Fäll weider Autosteier ufroe kann, obwuel de Gefier am System net méi immatriculéiert ass, a gëtt an esou Fäll eng Prozedur fir d’Remboursement vun eventuell onrechtméisseg erhuewenen Taxen?
An der Äntwert op meng Fro n°7961 vun 2023 krute mer d’Informatioun, dass am Fall vu geklaute Plaquen d’Immatrikualtiounsnummer während 5 Joren net méi vergi gëtt. Ass dëst och am Fall vun enger Exmatrikulatioun duerch d’SNCA de Fall a falls nee, firwat net?
Wéi verhënneren de Mobilitéitsministère an d’Police, datt no enger Exmatrikulatioun d’Pabeierversiounen vun der Carte d’immatriculation, der Steiervignette oder d’Autosplaque fälschlech genotzt kënne ginn?
QP Nummer 4277
