Questions parlementaires
Radar op d’Collectrice A13
Reegelméisseg kënnt et op der Avenue de l’Europe (N31) zu Péiteng am Beräich tëschent dem Tunnel Biff an dem Tunnel beim Wax, direkt no der Collectrice (A13), zu Accidenter. An der Vergaangenheet goufen et op dësem Ofschnëtt leider och schonn déidlech Accidenter. Dëst leit leider och do drun, dass hei verschidde Leit mat ze héijer Vitesse fueren, wat virun allem an der Nuecht ze gesinn ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass et méiglech, fir op dësem Streckendeel ee Radar z’installéieren?
Falls jo, wäert ee Radar op dësen Streckendeel vun der Collectrice installéiert ginn?
QP Nummer 4277
