Connect with us

Questions parlementaires

Aarbechtsmedizin am ëffentleche Secteur

De Règlement grand-ducal modifié du 5 mars 2004 concernant la santé et la sécurité du travail et le contrôle médical dans la fonction publique gesäit vir, datt de Chef vun enger Verwaltung (oder säin Delegéierten) déi néideg Demarchen ënnerhëlt, fir engem Agent eng Visite beim Aarbechtsdokter z’organiséieren.  Fir den Agent kënnen heibäi problematesch Situatiounen entstoen, wa säi Contrôle périodique ofgelaf ass an dësen da seng Aarbecht op sengem Posten net méi dierf ophuelen, obwuel en disponibel an aarbechtsfäeg ass.  An engem mir bekannte Fall gouf den Agent opgefuerdert, fir dës Zäit dann entweder säi Congé ze notzen oder sech krank ze mellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien dréit d’Verantwortung, wann ee Contrôle périodique beim Aarbechtsdokter net fristgerecht organiséiert gouf?

  2. Wat sinn d’Rechter vun engem Agent, dee wéinst engem ofgelafene Contrôle périodique net dierf schaffen?  • Kann an esou engem Fall Congé, Congé sans solde oder eng aner Form vu Congé vun der Verwaltung imposéiert ginn? • Kann an esou engem Fall Salaire ofgezu ginn, wann den Agent selwer net fir d’Verspéidung beim Contrôle périodique responsabel ass?

  3. Ass et legal, wann ee Virgesetzten engem Agent proposéiert, fir ee Krankeschäin ofzeginn, obwuel keng medezinesch Aarbechtsonfäegkeet besteet?

  4. Kann oder muss een Agent ee Rendez-vous bei der Aarbechtsmedezin ausserhalb vu senger normaler Aarbechtszäit unhuelen?

  5. Wéi eng Obligatiounen hunn déi staatlech Verwaltungen, d’Gemengen an d’Gemengesyndikater, fir ee Contrôle périodique fristgerecht ze plangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4259

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert