Connect with us

Questions parlementaires

Ëffentleche Parking fir de Wellnesshotel Dhoil zu Rodange

Zu Rodange am Dhoil soll bei engem Natura2000-Gebitt ee Wellnesshotel gebaut ginn, fir deen den Ëmweltministère am Joer 2022 gréng Luucht ginn hat. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Bierger:innen aus der Gemeng Péiteng, well hei eng gréisser Naturfläch wäert versigelt ginn an d’Flora an d’Fauna beanträchtegt gëtt.  Et stellen sech och Froen zur Prozedur. Am Fall vum Wellnesshotel ass et esou, dass direkt nieft dem Hotel wäert ee Parking gebaut ginn, wou virun allem den Hotelsbedreiwer den Haaptprofiteur wäert sinn an de Parking kann, op Käschte vum Steierzueler, fräi notzen. Dëse Parking gëtt vun der selwechter Architeken- a Baufirma entworf, déi och de Wellnesshotel baut an Aktionär am Projet ass. Méi bedeitend ass allerdéngs, dass et keng ëffentlech Ausschreiwung fir de Bau vum Parking gouf a sech hei d’Fro stellt vun der Salami-Taktik, enger Praxis, déi d’Gesetz vun den ëffentlechen Ausschreiwunge verbitt. Beim Hotel a vum Parking ass deemno schonn am Viraus bekannt, wien heivunner haaptsächlech profitéiere wäert.  Um Fall vum gescheiterte Sportsmusée zu Esch ass bekannt, dass esou eng Approche net transparent ass an zu de bekannte Problemer gefouert huet, déi zur Demissioun vun engem Regierungsmember hunn. Beim Sportsmusée zu Esch war een Haaptproblem, dass d’Prinzippie vum Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwungen net respektéiert goufen, wat an engem Avis juridique och zum Ausdrock bruecht ginn ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hätt de Projet vum Parking am Dhoil missten d’Prozedur vun den ëffentlechen Ausschreiwungen duerchlafen?

  2. Gesinn d’Ministeren, dass ee Risiko besteet vun Interessekonflikter an dësem Dossier, grad am Hibléck mam Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwungen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4258

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert