Questions parlementaires
Ëmgehungsstrooss zu Dippech
Am Luxemburger Wort vum 13te Juni ass an engem Gastbeitrag mam Titel „Das Versagen der luxemburgischen Verkehrspolitik am Beispiel Kordall“ geschriwwe ginn, datt de Mobilitéitsministère bereet wier, op Ufro vum Dippecher Schäfferot op d’Ëmgéiungsstrooss fir Dippech ze verzichten. Esou eng Decisioun hätt direkt Konsequenze fir d’Verkéierssituatioun an de betraffenen Uertschaften, notamment fir d’Awunner:innen vun der Gemeng Dippech an och fir déi regional Verkéiersplanung am Süde vum Land.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Stëmmt et, dass de Mobilitéitsministère bereet ass, fir op ee Contournement fir Dippech als Prolongement zum Contournement Käerjeng ze verzichten?
-
Stëmmt et, dass esou eng Ufro vum Dippecher Schäfferot gestallt ginn ass? Falls jo, ass dës Ufro formell gestallt ginn a falls jo, wéini?
-
Falls déi vireg Froen affirméiert kënne ginn, bedeit dat, dass Dippech kee Contournement kritt, deen un dee Käerjenger Contournement ugeschloss gëtt?
-
Zu wéi engem Zäitpunkt gouf am Mobilitéitsministère eng Decisioun getraff, fir op eng Ëmgéiungsstrooss fir Dippech als Prolongement vum Contournement vu Käerjeng ze verzichten, de Projet unzepassen oder en net weiderzeverfollegen?
QP Nummer 4252
