Questions parlementaires
Autonomt Fueren zu Lëtzebuerg erlaben
A menge parlamentaresche Froen aus fréiere Joren n°508, n°5093, n°5403 an n°1123 hat ech d’Fro vum autonome Fueren zu Lëtzebuerg thematiséiert. Bis ewell sinn autonom Autoen op de lëtzebuergesche Stroossen awer nach keng Normalitéit. Am Kader vum Projet 5GCroCo goufen autonom Autoe mam 5G-Netz an der Groussregioun getest.
Den 10ten Abrëll 2026 huet déi hollännesch Autoritéit Rijksdienst voor het Wegverkeer (RDW) matgedeelt, datt si Tesla eng europäesch Typeneemegung ginn huet, fir de Fuerassistenzsystem „Full Self Driving Supervised“ zouzeloossen. Dës Geneemegung an engem EU-Memberstaat kann d’Aféierung vum autonomen Fueren an anere Memberstaate vereinfachen.
Et handelt sech dobäi nach net ëm ee vollautonomt Fueren, mee ëm ee System, bei deem de Chauffer weider responsabel bleift an zu all Moment agräife muss.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert d’Regierung Fuerassistenzsystemer wéi „Full Self Driving Supervised“ bis Enn vun dëser Legislatur och op lëtzebuergesche Stroossen erlaben?
• Falls jo, ënnert wéi enge Konditiounen a Restriktiounen?
• Falls nee, firwat net? -
Wéi wäert d’Decisioun vun der hollännescher RDW sech op Lëtzebuerg auswierken?
QP Nummer 4251
