Questions parlementaires
Zuchausfäll vum 16te Mee 2026
De Samschden, 16te Mee, koum et wéinst enger technescher Stéierung vun der Stroumversuergung zu Beetebuerg zu gréisseren Ënnerbriechungen am Zuchverkéier. Verschidde Strecken am CFL-Netz ware bis an den Nomëtteg eran perturbéiert an d’Passagéier hunn sech missten op dës Stéierungen astellen, op engem Dag, wou mam ING-Marathon och nach ee Mega-Event an der Stad stattfonnt huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat ass déi technesch Ursaach vum Stroumausfall, deen den 16te Mee zu Beetebuerg opgetrueden ass?
Wéi eng konkret Moossnamen wäerten ëmgesat ginn, a bannent wéi engem Zäitraum, fir ze verhënneren, datt esou eng Stéierung sech widderhëlt?
Wéi eng Noutfallpläng existéieren bei esou Stéierungen a wien huet formell d’Entscheedungsgewalt, fir d’Evakuéierung vun de Passagéier, déi op fräier Streck blockéiert sinn, an esou Situatiounen ze decidéieren? Existéiert hei een Delai, wa Passagéier am Fall vun engem op fräier Streck stoende Zuch evakuéiert musse ginn a wa jo, vu wéi vill Stonnen?
Waren fir de 16te Mee spezifesch Moossnamen fir d’Verstäerkung vum CFL-Dispositiv geplangt a validéiert ginn, wéi zum Beispill zousätzlecht Personal, erhéicht Kapassitéiten oder d’Koordinatioun mat den Organisateure vum ING Marathon? Falls jo, wéi eng an a wéi engem Mooss konnten dës Moosnamen effektiv ëmgesat ginn an hunn se dozou beigedroen, fir den Impakt vun der Pann ze reduzéieren?
Wéi vill Clientsreklamatiounen hunn d’CFL am Zesummenhang mat den Stéierungen vum 16te Mee 2025 registréiert? Hunn déi betraffene Passagéier (zum Beispill an der éischter Klass) ee Recht op d’Entschiedegung am Kontext vum Artikel 18 vum Règlement (CE) n°1371/2007 du Parlement européen et du Conseil du 23 octobre 2007 sur les droits et obligations des voyageurs ferroviaires?
QP Nummer 4242
