Questions parlementaires
Fräie Verkaf vu Rategëft
Am RTL Journal vum 23ten Abrëll 2025 gouf bericht, datt eng Persoun iwwert Woche Villercher mat der Substanz Alphachloralose vergëft hat (ëmgangssproochlech schwätzt ee vu Rategëft).
Dëst Gëft ass fräi am Handel erhältlech ass an et goufen an der Vergaangenheet och Fäll, wou Hausdéiere mat esou Produite vergëft goufen. Doriwwer eraus existéieren awer och Gëfter, déi speziell vu Firmen agesat ginn an net am fräien Handel erhältlech sinn.
Insgesamt stellt sech d’Fro vum Impakt vun dëse Gëfter op eis Ëmwelt an d’Déierewelt. D’Gëfter wierken, jee no Zort an Dosis, net ëmmer direkt a kumuléieren sech am Kierper vun der Rat, wou se iwwert d’Liewensmëttelkette kënnen aner Déieren vergëften, déi d’Rate friessen (Gräifvullen wéi de Rotmilan oder Säugeren, wéi Fiiss oder Marderen).
An anere Länner, wéi Däitschland, ass Rategëft net méi am fräien Handel erhältlech.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Rategëfter sinn zu Lëtzebuerg zougelooss an dierfen agesat ginn?
-
Wéi vill Quantitéite vun dëse Rategëfter goufen an deene leschten 3 Joren hei am Land vu Firmen an ëffentleche Verwaltungen agesat?
-
Wéi vill Fäll vu Vergëftung vu Wëlldéieren, Hausdéieren, geschützten Déierenaarten an Déieren an der Landwirtschaft goufen an de leschte 3 Joren erfaasst?
Kann d’Regierung dës Zuelen no Déierenaart oplëschten, notamment fir geschützten Déierenaarten, wéi dem Rotmilan? -
Wéi bestänneg sinn déi zu Lëtzebuerg zougeloosse Gëfter fir d’Ëmwelt (Grondwaasser, Buedem) an huet d’Regierung Analysen iwwert d’Präsenz an den Impakt vun dëse Gëfter op eis Ëmwelt?
Falls nee, sinn Analysen geplangt a falls nee, firwat net? -
Wat sinn déi aktuell Strofen, wann eng Persoun virsätzlech:
1. ee Wëlldéier vergëft,
2. eng geschützten Déierenaart vergëft,
3. oder een Hausdéier (am Sënn vum Déiereschutzgesetz) vergëft? -
Wäert d’Regierung, de fräie Verkaf vu Rategëfter verschäerfen, fir Mëssbrauch a Schied fir Déieren an Ëmwelt besser ze verhënneren?
QP Nummer 4233
