Questions parlementaires
Saisie vum Konkurrenzrot fir de Schülertransport
Den 29ten Abrëll dëst Joer gouf ee Finanzéierungsgesetz vun 280 Milliounen Euro fir de Schülertransport mam Bus an der Chamber gestëmmt (Gesetzesprojet n°8632). Am Kader vun dësem Gesetzesprojet haten ech an aner Riedner op d’Berechnungen vun der Chambre de Commerce, higewisen, datt de Käschtepunkt pro Kilometer an der Regioun Süden 3,7 Mol méi héich ass wéi am Rescht vum Land. An den Debatt an der Chamber gouf d’Fro opgeworf, ob d’Präisser hei berechtegt sinn an enger fairer Konkurrenzsituatioun entspriechen. Dofir hat d’Chamber an enger Motioun d’Ministesch opgefuerdert, fir d’Autorité de la concurrence ze saiséieren, fir eng Analys vum Marché vun de spezialiséierten Transporter duerchzeféieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Huet d’Regierung d’Autorité de la concurrence mëttlerweil, esou wéi vun der Chamber gefuerdert, saiséiert?
QP Nummer 4230
