Connect with us

Questions parlementaires

Mondverbuet am Gemengerot

Am Gemengegesetz ass den Oflaf vun enger Gemengerotssitzung a verschiddenen Gesetzesartikelen gereegelt. An engem Gemengerot gëllt u sech de Prinzipp, dass SOLL diskutéiert a gestëmmt ginn. D’Gemengegesetz geseit net explizitt vir, dass Gemengeconseilleren net dierfen d’Wuert ergräifen oder wien an enger Gemengerotssitzung zu wéi enge Punkten schwätzen däerf.  D’Gemeng kann an engem interne Reglement heizou nach spezifesch Reegele bäisetzen. Esou ass an engem Péitenger Gemengereglement virgesinn, dass de Schäfferot Kommunikatiounen un de Gemengerot kann adresséieren. Dëst Kommunikatiounsinstrument dierf, nom Reglement, nëmme vum Schäfferot a Buergermeeschter genotzt ginn. Ee Gemengeconseiller kritt an dëser Rubrik, zu engem Punkt um Ordre du Jour, also de Mond verbueden. D’Motivatioun vun dësem Mondverbuet ass: „un conseiller n’a pas automatiquement un “droit de communication” équivalent au collège“. Méiglech gesetzlech Aschränkungen zum Riederecht kënne wuel iwwert verschidden d’Artikelen vum Gemengegesetz gemaach ginn, wépi zum Beispill den Artikel 13 (dee reegelt, dass am Prinzipp net dierf zu anere Punkten geschwat ginn, wéi déi, déi um Ordre du Jour vun der Sitzung festgehale goufen, ausser an Ausnahmefäll) an den Artikel 17, dee virgesäit, dass de Buergermeeschter d’Sitzunge leet. Et stellt sech awer d’Fro, ob duerch d’Praxis vun dësem Privileeg fir dierfen ze schwätzen d’Gläichheet tëschent de Gemengerotsmembere garantéiert ass, well dës normalerweis keng Debatt, Froen oder Remarken erlaabt 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Dispositioun, datt Gemengeconseilleren an enger Gemengerotssitzung net dierfen zu engem Punkt um Ordre du Jour d’Wuert ergräifen, mam Gemengegesetz kompatibel?  

  2. Ass d’Dispositioun, datt nëmmen d’Schäffen oder de Buergermeeschter dierfen zu engem Punkt um Ordre du Jour schwätzen, mam Gemengegesetz kompatibel?  

  3. Falls déi vireg Dispositioune konform mam Gemengegesetz sinn, wéi ass dann d’Gläichheet an d’Gläichbehandlung tëschent de Memberen am Gemengerot respektéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4219

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert