Connect with us

Questions parlementaires

Suspensioun vum Kannergeld bei gescheetenen Elteren

Familljen a Stéit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, hunn ee Recht op d’Kannergeld, wat an deene meeschte Fäll einfach, schnell an automatesch Enn dës Mounts vun der Zukunftskeess iwwerwise gëtt. Leider ginn et awer vill Fäll, wou et net ëmmer einfach, schnell an automatesch geet. Bei gescheete Koppelen oder anere Familljekonstellatiounen oder Leit, déi ausserhalb vu Lëtzebuerg wunnen, stellen sech oft bürokratesch Hindernisser, déi Méint oder och mol Joren dauere kënnen. An engem konkrete Fall gouf engem Elterendeel, bei där d’Kand lieft an déi zënter Jore vum aneren Elterendeel getrennt ass, d’Ausbezuele vum Kannergeld suspendéiert, nodeems de leschteren seng Aarbecht verluer huet.  Fir d’Kannergeld ze kréien, muss een Elterendeel soll dobäi per Formular (Déclaration de la situation professionelle) confirméieren, datt den Ex-Partner net am Ausland schafft, obwuel si dës Informatiounen net kann hunn, well se weder mat him zesummelieft nach Zougang zu senger professioneller Situatioun huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi soll sech een Elterendeel bei den Deklaratioune vun der Zukunftskeess uleeën, wann si hei no Informatioune vum aneren Elterendeel gefrot gëtt, mee keng Informatiounen iwwert hiren Ex-Partner liwwere kann, wéi zum Beispill zur Beschäftegungssituatioun?

  2. Wat geschitt, wann eng Persoun ee Formulaire, wéi d’Déclaration de la situation professionelle, no beschtem Wëssen ausfëllt an ënnerschreift, an sech duerno erausstellt, datt den aneren Elterendeel falsch Informatioune ginn huet (zum Beispill wann sech erausstellt, dass si am Ausland geschafft huet)?

  3. Wéi gëtt verhënnert, datt Kannergeld (dat dem Kand zegutt soll kommen) ënner bürokrateschen Onkloerheeten oder bei Konflikter tëscht den Elteren iwwer Méint blockéiert gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4218

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert