Connect with us

Questions parlementaires

Tropenholz fir Lëtzebuergesch Bauten

Den 13te Mee gouf ënnert der Referenznummer 2601227 eng ëffentlech Ausschreiwung fir Kompensatiounsmoossname fir d’Nordstrooss publizéiert. Dobäi geet et ënner anerem ëm d’Renaturatioun vun der Mamer am Beräich „Weidendall“ an de Bau vun enger Passerell aus Holz a Metall. Laut der Ausschreiwung soll dobäi tropescht Bongossi-Holz benotzt ginn an dëst am Kader vun engem Renaturatiounsprojet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf am Kader vum Marché public n°2601227 decidéiert, fir tropescht Bongossi-Holz anzesetzen?

  2. Wäert dat Holz, wat hei genotzt gëtt, op mannst nohalteg zertifizéiert sinn?

  3. Goufe fir dës Ausschreiwung Alternativen aus Lëtzebuerg, der Groussregioun oder Europa gepréift, a falls jo, firwat goufen dës net zeréckbehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4181

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert