Connect with us

Questions parlementaires

Sanéierung vun der ZAE Wolser B

Den 9te Juni huet de Wirtschaftsministère eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach (n°2601104), fir een Industriesite an der Wirtschaftszon (ZAE) Wolser B zu Diddeleng ofzerappen an ze sanéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert de Wirtschaftsministère dësen Terrain no der Sanéierung selwer notzen, a falls jo, fir wéi ee konkreten Zweck?

  2. Falls de Site no der Sanéierung fir privat wirtschaftlech Aktivitéite virgesi soll sinn, firwat iwwerhëlt de Staat an dësem Fall d’Käschte vun dëser Sanéierung?

  3. War d’Firma, déi dës Infrastrukturen virdrun genotzt huet, eng klasséiert Firma am Sënn vum ofgeännerten Commodo-Incommodo-Gesetz vum 10te Juni 1999? Falls jo, ënnert wéi enger Klass an Nomenclauture?

  4. Gouf de Site nom Enn vun der Notzung an deem Zoustand un de Staat zeréckginn, sou wéi den Artikel 13, Paragraf 7, vum Commodo-Incommodo et virgesäit? (Toute cessation d’activité doit être déclarée à l’autorité qui a délivré l’autorisation et qui fixera les conditions pour assurer la décontamination, la démolition des immeubles, l’assainissement du sous-sol et la remise en état du site.)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4180

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert