Questions parlementaires
Käschte vun de Prisongen
Wéi een RTL.LU-Artikel beriicht, sinn tëscht 2024 an 2025, no enger Statistik vum Europarot, d’Zuele vu Prisonéier zu Lëtzebuerg ëm 20 Prozent geklommen. Wann een d’Zuelen am Staatsbudget zënter 2020 kuckt, da kann een och gesinn, dass d’Käschten fir de Finanzement vun de Prisongen sech an de leschte Joren méi wéi verduebelt hunn (vu 65 Milliounen op 140 Milliounen Euro).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéi hu sech d’Käschte pro Prisonéier hei am Land vun 2020 bis haut entwéckelt?
QP Nummer 4177
