Questions parlementaires
Genitialverstümmlung an engem Flüchtlingsfoyer
Mir gouf spezifesch ee Fall zougedroen, wou ee Puppelchen an engem Flüchtlingsfoyer an enger Zort Ritual beschnidde soll gi sinn (Genitalverstümmlung) an dëst bis ewell ouni Konsequenze bliwwen ass. D’Zeie vun dëser Aktioun, déi selwer Flüchtlinge sinn, hunn Angscht dëst ze denoncéiere wéinst Angscht vu perséinleche Konsequenzen, well si mat dëse Leit am Foyer zesummeliewen. Genitalverstümmlung ass eng Strofdot an hei am Land komplett illegal. D’Website vum Sozialversécherungsministère erënnert nach eng Kéier do drun: „Mit dem Gesetz vom 20. Juli 2018 hat die luxemburgische Regierung die weibliche Genitalverstümmelung zu einem spezifischen Straftatbestand erklärt, die Istanbul-Konvention gebilligt und ratifiziert und damit ihr Engagement bekräftigt, jede Form von Gewalt gegen Frauen und Mädchen ausnahmslos zu verurteilen.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann d’Regierung ausschléissen, dass et zu esou illegalen Aktiounen an de Flüchtlingsfoyere ka kommen?
Ginn d’Kanner an de Flüchtlingsfoyere medezinesch begleet a reegelméisseg kontrolléiert? Wéi ginn d’Elteren hei encouragéiert, fir reegelméisseg pediatresch Kontrollen anzehalen?
Wéi solle Flüchtlingen an de Foyeren sech uleeën an u wie sollen si sech wenden, wann si vun illegalen Aktiounen an de Flüchtlingsstrukturen matkréien a wéi ass de Schutz vun esou Whistleblower garantéiert?
Wéi vill Fäll vu Genitalverstümmlung goufen et an deene leschten 10 Joer hei am Land?
QP Nummer 4179
