Connect with us

Questions parlementaires

Wéi eng Hëllefen fir d’Fleeg vu Kanner mat enger Beanträchtegung?

D’Assurance dépendance gesäit vir, datt eng Persoun, déi reegelméisseg an op d’mannst eemol d’Woch bei Hëllefen a Fleeg matwierkt, ënner bestëmmte Konditiounen als Aidant zeréckbehale ka ginn. Dësen Aidant kann eng Privatpersoun sinn. Grad bei Kanner ass et esou, dass ee vun den Elteren dës Aufgab iwwerhëlt, fir esou dem Kand senge Besoine kënnen nozekommen Donieft kann d’Assurance dépendance och d’Käschte vun techneschen Hëllefsmëttel iwwerhuelen (Rollstill, medezinesch Better, etc.) déi der betraffener Persoun méi Autonomie erméiglechen sollen oder d’Aarbecht vun de Persounen, déi Hëllef a Fleeg leeschten, erliichteren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë bei der Assurance dépendance goufen an de leschte 5 Joer fir Mannerjäreger agereecht a wéi vill dovunner goufen accordéiert, respektiv refuséiert?  Kann d’Regierung dës Zuelen no Altersgrupp (Bébéeën, Klengkanner, Jugendlecher) oplëschten?

  2. Wéi vill Demandë fir technesch Hëllefsmëttel goufen an de leschte 5 Joer agereecht a wéi vill dovunner goufe refuséiert?

  3. Wéi vill Leit profitéieren aktuell insgesamt vun de béiden Hëllefen a wéi vill dovunner betreffe Mannerjäreger?

  4. Wéi setzt sech de Montant vun der Assurance dépendance zesummen, vu wéi enge Facteuren hänkt en of wat ass de maximale Montant, deen Eltere fir d’Fleeg vun engem Kand mat enger Beanträchtegung vun der Assurance dépendance kënne kréien?

  5. Wéi eng aner staatlech finanziell Hëllefen existéiere fir Familljen, déi sech selwer ëm d’Fleeg vun hire Kanner mat enger Beanträchtegung këmmeren?  Wéi setzen sech bei dësen Hëllefen de Montant zesummen, vu wéi enge Facteuren hänkt dës Hëllef of wat ass de maximale Montant, deen Eltere fir d’Fleeg vun engem Kand mat enger Beanträchtegung kënne kréien?

  6. Wéi vill Kanner a Jonker mat enger Beanträchtegung stinn aktuell op enger Waardelëscht fir eng hir Besoinen ugepasste Betreiungs-, Bildungs- oder Dagesstruktur ausserhalb vum Enseignement fondamental an der Maison Relais, a wéi laang ass d’Waardezäit (Moyenne a Mediane)?

  7. Ass den Iwwergang vu volljärege Persoune mat enger Beanträchtegung nom Austrëtt aus dem Schoulsystem an eng Dages-, Betreiungs- oder Beschäftegungsstruktur garantéiert?

  8. Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Aidanten wärend dësem Iwwergang hir Beruffsaktivitéit an zousätzlech Betreiungs- oder Fleegaufgab ënnert een Hutt kréien?

  9. Wéi eng aner staatlech finanziell Hëllefen existéiere fir Familljen, déi sech selwer ëm d’Fleeg vun hire Kanner mat enger Beanträchtegung këmmeren, wann d’Kand volljäreg gëtt? Wéi setzen sech bei dësen Hëllefen de Montant zesummen, vu wéi enge Facteuren hänkt dës Hëllef of wat ass de maximale Montant, deen Eltere fir d’Fleeg vun engem Kand mat enger Beanträchtegung kënne kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4322

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert