Questions parlementaires
Interim beim RGTR a Schoultransport
Bei verschiddene private Busfirmen, déi am Optrag vum RGTR fueren, gëtt mengen Informatiounen no op Interimsaarbechter zeréckgegraff. Dës Aarbechter, déi sech a priori schonn an enger prekärer sozialer Situatioun befannen, kréien d’Liewen duerch d’Interimskontrakter nach méi schwéier gemaach. Grad a Pandemie-Zäiten huet sech gewisen, dass dëse Modell d’Aarbechter net ausräichend viru Krankheet an Aarbechtsverloscht schützt. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2452 haten d’Ministere fir Wirtschaft an Aarbecht erkläert, dass Verännerungen néideg sinn, fir d’Leit aus dëser Prekaritéit eraus ze kréien oder dës op mannst op ee Minimum ze reduzéieren. Am ëffentlechen Transport stellen sech domat Froen iwwer d’Aarbechtsbedingungen, d’Formatioun an d’Kontroll vum Personal, dat am Alldag Passagéier transportéiert. Dëst ass ëmsou méi relevant, wann dat betraffe Personal och am Schoultransport agesat gëtt, wou d’Sécherheet vu Kanner a Jugendlechen am Mëttelpunkt steet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Interimsaarbechter fueren aktuell fir Busfirmen am RGTR? Kann d’Regierung dës Zuelen no Busfirma oplëschten?
Wéi vill Interimsaarbechter fueren aktuell fir de Schoultransport am RGTR? Kann d’Regierung dës Zuelen no Busfirma oplëschten?
Wéi eng Ufuerderunge gëlle fir d’Personal vun de privaten Entreprisen, déi fir den RGTR an de Schoultransport fueren, notamment a Bezuch op Führerschäin, Formatioun, Aarbechtszäiten, Sproochkenntnisser a Kontroll vum Aarbechtsrecht?
QP Nummer 4331
