Connect with us

Questions parlementaires

Werbung fir de Recrutement bei der Arméi an der Groussregioun

Am WORT vum 20te Juni gouf iwwert eng Publicitéitscampagne vun der Lëtzebuerger Arméi bericht, déi op Bussen, op Plakater a soziale Medien ze gesinn ass an der Rekrutéierung soll déngen. Laut dem Ministère soll d’Campagne bis Enn 2028 lafen an iwwer déi nächst dräi Joer 480.000 Euro kaschten. Gläichzäiteg gouf annoncéiert, datt Grenzgänger geschwënn an d’Lëtzebuerger Arméi kënnen antrieden, wéi een anere WORT-Artikel vum 23te Januar méi ausféierlech bericht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Sinn am Kader vun der aktueller Rekrutéierung bei der Arméi och Reklammen an der Groussregioun geplangt, notamment op Radiosenderen, a Print- oder Online-Medien, op Plakater oder iwwert geziilt digital Campagnen? Falls jo, wéi eng Medien ginn heifir genotzt a wat ass de Budget, opgelëscht no Medium?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4416

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert