Connect with us

Questions parlementaires

Ënnerschiddlech Salairen an Europaschoulen

Nieft dem traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem ginn ëmmer méi ëffentlech international Schoulen opgemaach, souwuel am Primaire wéi och am Secondaire. Hei soll et esou sinn, dass d’Gehälter an d’Aarbechtskonditioune vum Léierpersonal sech vun deene vum traditionelle Schoulsystem ënnerscheeden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister Statistiken an enger Tabell oplëschten (Minimum, Maximum, Moyenne a Mediane), wéi héich d’Bruttogehälter (inclus Primmen an aner finanziell Avantagen) sinn, fir: 1. Enseignanten am Fondamental, 2. Enseignanten am Primaire vun enger ëffentlech internationaler Schoul (Europaschoul), 3. Proffen am Lëtzebuerger Lycée, 4. Proffen am europäesche Secondaire?

  2. Wéi erkläert de Minister eventuell Ënnerscheeder bei der Remuneratioun tëschent dëse Kategorien?

  3. Gesäit de Minister duerch dës Ënnerscheeder e Risiko fir d’Attraktivitéit vum Beruff am Lëtzebuerger Fondamental oder am klassesche Lycée?

  4. Wéi vill Prozent vum Personal an de verschiddenen Europaschoulen hunn de Fonctionnairesstatut a wéi huet sech dës Zuel zënter 2020 entwéckelt? Wéi huet sech de Gesamtprozentsaz vun de Fonctionnairë beim Léierpersonal zënter 2020 entwéckelt?

  5. Wéi eng Moossnahmen si geplangt, fir eng Konkurrenzsituatioun tëschent de Schoulmodeller ze vermeiden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4463

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert