Questions parlementaires
Hëllef mat der Cargolux fir Bëschbränn
Frankräich a Spuenien sinn dëse Summer duerch extrem Dréchent an Hëtzt erëm nees vu Bëschbränn betraff. D’EU-Memberstaate kënnen an esou Situatiounen Ënnerstëtzung ufroen an aner Memberstaaten technesch, personell oder logistesch Hëllef leeschten. Zu Lëtzebuerg hu mer mam Aquarius Aerial Firefighting vun der Cargolux Läschfligeren, déi op Brandbekämpfung spezialiséiert sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäert Lëtzebuerg iwwert d’Cargolux an den Aquarius Aerial Firefighting Frankräich a Spuenien beim Läsche vun de Bëschbränn ënnerstëtzen?
Wéi eng weider Mëttele wäert Lëtzebuerg eisen EU-Partnerlänner iwwert déi nächst Méint zur Verfügung stellen?
QP Nummer 4436
