Questions parlementaires
Zwangsrekrutéierung an der Ukrain
Een ZDF-Artikel huet den 22te Februar 2026 iwwer d’Situatioun vun ukrainesche Männer beriicht, déi versichen, d’Ukrain ze verloossen, well si net mam System vum obligatoresche Militärdéngscht an der Zwangsrekrutéierung averstane sinn. Männer tëschent 25 a 60 Joer kënnen an déi Ukrainesch Arméi agezu ginn, ausser si hunn eng gesetzlech Basis fir eng Fräistellung. Am Artikel ginn awer, ënnert Anerem, Virwërf vu Gewalt, Willkür a Korruptioun bei der Zwangsrekrutéierung beschriwwen. Lëtzebuerg an aner europäesch Länner ënnerstëtzen d’Ukrain zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich op verschiddene Pläng, dorënner och am Beräich vun der Formatiounen an der Defense, esou zum Beispill och mat lëtzebuergesche Formateuren an der IT zu Berlin. Am Reportage gëtt beschriwwen, dass déi däitsch Militärpolice och d’Zwangsrekruten zu Berlin iwwerwaacht a verfollegt, fir ze verhënneren, dass kee fortleeft,
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
U wéi enge militäreschen Ausbildungen a Formatioune fir d’Ukrain ass Lëtzebuerg zënter 2022 involvéiert an op wéi enge Plazen?
Kann d’Regierung ausschléissen, datt Lëtzebuerg duerch Formatiounen, Logistik, Finanzéierung oder Personal indirekt d’Zwangsrekrutéierung vun der Ukrain ënnerstëtzt?
Ass fir d’Regierung akzeptabel, dass déi ausgebilten Zaldoten oder Militärpersonal, wat vu lëtzebuergesche Formateuren oder mat lëtzebuergesche Mëttelen ausgebilt gëtt, zwangsrekrutéiert ass?
QP Nummer 4413
