Questions parlementaires
Klimabonus Fuehren
An Däitschland gëtt aktuell ëffentlech diskutéiert a kritiséiert, dass déi nei E-Auto-Fërderung a groussen Deeler Gefierer vu Produzenten ausserhalb vun der Europäescher Unioun zegutt kënnt. Och zu Lëtzebuerg gëtt den Ëmstieg op d’Elektromobilitéit iwwer staatlech Primmen a steierlech Mesurë gefërdert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kann d’Regierung oplëschten, wéi vill a wéi eng staatlech Primmen an de leschten 3 Joren fir Elektroautoen ausbezuelt goufen, opgeschlësselt no Hiersteller?
QP Nummer 4665
