Connect with us

Questions parlementaires

Ënnerdréckung vun LGTBIQ-Community an der Tierkei

Den 13te September hunn déi tierkesch Autoritéite landeswäit Operatioune géint LGBTIQ+ Organisatiounen duerchgefouert. Ëffentlechen Informatiounen no ermëttelt d’tierkesch Regierung géint 162 Persounen, dobäi goufen Dosende Persoune festgeholl.  An der Tierkei steet d’LGBTIQ+-Community zanter Joren ënner ëmmer méi staarkem politeschen Drock. Besonnesch islamistesch-konservativ Beweegunge stellen d’Rechter vu LGBTIQ+-Persounen ëmmer nees a Fro. Déi tierkesch Regierung, rondërem de President Erdoğan souwéi senger Partei AKP, notzt hei dat ganzt Potenzial vum Staatsapparat fir Minoritéiten geziilt z’ënnerdrécken. Pride-Demonstratioune sinn a ville Stied verbueden, Aktivist:innen an Demonstrant:innen gi festgeholl an LGBTIQ+-Persounen ginn als Gefor fir d’Famill an déi gesellschaftlech Wäerter duergestallt.  Zu Lëtzebuerg ass de Schutz vu Persoune virun Diskriminéierung opgrond vun hirer sexueller Orientéierung oder Geschlechtsidentitéit e wichtegen Deel vun eiser oppener a fräier Gesellschaft. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert d’Regierung d’Virgoe vun den tierkeschen Autoritéite géint LGBTIQ+-Organisatiounen?  Huet Lëtzebuerg dëse Sujet bilateral, op EU-Niveau oder an internationale Gremien ugeschwat oder wëll d’Regierung dat maachen?

  2. Wéi eng Moossnamen am Beräich Präventioun a Sensibiliséierung zu Lëtzebuerg ënnerholl, fir d’Rechter vun der LGTBIQ+-Community géint islamistesch-konservativ-regressiv Narrativer, Drohungen a Gewalt ze schützen?

  3. Gesäit d’Regierung hei weider Moossname vir, zum Beispill iwwert weider méi breet Sensibiliséierungskampagnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4762

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert