Questions parlementaires
Ausfäll vu Busfaahrten beim TICE
Beim TICE sinn an de vergaangene Méint ëmmer nees geplangte Busfaarten op verschiddene Linnen ausgefall. An der Vergangenheet ass et scho virkomm, dass TICE-Buschaufferen op hire fräien Deeg zeréckgeruff ginn, fir Personalengpäss opzefänken.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
1. Wéi vill Busfaahrten während der Woch (Méindes bis Freides) si beim TICE dëst Joer ausgefall, opgelëscht no Mount? 2. Wéi engem Prozentsaz vun alle geplangte Busfaarten entsprécht dëst? 3. Wéi vill Busfaahrten si beim TICE dëst Joer weekends ausgefall, opgelëscht no Mount? 4. Wéi engem Prozentsaz vun alle geplangte Busfaarten entsprécht dëst?
Wéi gesinn déi selwecht Zuele aus der éischter Fro fir den RGTR aus, ebenfalls pro Mount a getrennt tëscht Wochendeeg a Weekend?
Wat waren d’Haaptgrënn fir d’Ausfäll beim TICE a wéi vill vun dësen Ausfäll waren op ee Mangel u Fuerpersonal zeréckzeféieren?
Wéi oft dëst Joer, opgelëscht pro Mount, hu beim TICE Buschaufferen, déi laut hirem Déngschtplang fräi haten, missen zeréckgeruff ginn, fir aner Schichten z’iwwerhuelen?
Wéi huet sech d’Gesamtzuel vun de Réckriff am Verglach mat 2024 an 2025 entwéckelt?
Wéi vill geplangte Busfaarten hätten ouni dës Réckriff net kënne gefuer ginn?
QP Nummer 4811
