Questions parlementaires
Korruptiounsfall am Inneministère AE-IMM – Nofro
Bei der Direction de l’immigration leeft aktuell eng Enquête am Zesummenhang mat presuméierter Korruptioun, illegaler Immigratioun a gefälschten Dokumenter. Dobäi gouf och den IT-System AE-IMM genotzt. An hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°4583 bestätegen d’Ministere, datt an dësem System d’Logins vun den Notzer gespäichert ginn a verweisen hei op den Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 26ten September 2008, wat d’Kontrollen duerch den Inneminister reegelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Bei der Beschreiwung vun der konkreter Ëmsetzung nennen d’Ministeren „d’Aart vun der Aktioun“, awer net de Motiv vun der Consultatioun. Ass mat „d’Aart vun der duerchgeféierter Aktioun“ d’Motif de Consultation gemengt a gëtt dëst bei all Consultatioun am AE-IMM opgeholl a gespäichert?
Gëtt bei all Ännerung vun Donnéeën och dokumentéiert, wéi eng konkret Wäerter geännert goufen, sou datt den Zoustand vun engem Dossier virun an no der Ännerung rekonstruéiert ka ginn?
Den Artikel 4 gesäit vir, datt nëmmen déi Responsabel vun der nationaler Dateschutzkommissioun Zougang zu den Journaliséierungsdonnéën hunn. D’Ministeren erklären awer, datt Techniker an aner autoriséiert Persoune vun der Direction générale de l’immigration Zougang zu de Journaliséierungsdonnéeën hunn. 1. Op wéi enger rechtlecher Grondlag hunn Techniker an aner Persoune vun der Direction générale de l’immigration Zougang zu de Journaliséierungsdonnéeën? 2. Wéi ass dësen Zougang mat der Limitatioun am Artikel 4, Paragraphe 1, vereenbar? 3. Wéi vill Persoune vun der DGI a wéi engen anere Verwaltungen haten zanter 2020 esou een Zougang?
Wien iwwerpréift, wann Ännerungen oder Läschungen vu Journaliséierungsdonnéeën gemaach ginn? Ginn dës Ännerungen oder Läschungen festgehalen a wéi eng technesch Mesurë verhënneren oder detektéieren eng Manipulatioun vun de Logfichieren?
Den Artikel 4 gesäit ausserdeem vir, datt dës Donnéeën no dräi Joer geläscht ginn, ausser wa si Objet vun enger Kontrollprozedur sinn. Dat ass elo mat der lafende geriichtlechen Enquête de Fall. Goufen zanter dem Ufank vun de geriichtlechen Enquêten Journaliséierungsdonnéeën aus dem AE-IMM geläscht? Wa jo, wéi eng Zäitraim sinn betraff a kënnen déi Donnéeë rekonstruéiert ginn? Goufen Journaliséierungsdonnéeën am Kader vun dësen Enquête saiséiert oder de geriichtlechen Autoritéiten zur Verfügung gestallt?
Wien féiert den externen Audit duerch, deen den Inneminister an Optrag ginn huet? Gouf den Audit ausgeschriwwen? Ginn och d’Vollstännegkeet an d’Integritéit vun de Journaliséierungsdonnéeën iwwerpréift a wéini ass mam Ofschloss vum Audit ze rechnen?
QP Nummer 4812
