Connect with us

Questions parlementaires

Vëlospiste PC12 laanscht déi al Atertlinn – Nofro

An engem Artikel am WORT vum 14te Juli 2025 gouf iwwert de Bau vun der Vëlospist PC12 tëscht Klengbetten a Stengefort beriicht an doriwwer, datt Awunner:innen sech Suergen ëm hir Sécherheet a Gesondheet maachen. Op der spéiderer Vëlospiste loungen nach d’Schinne vun der fréierer Atert-Eisebunnslinn. D’Awunner:innen, déi nieft dëser Streck wunnen, hu selwer missten nosichen an erausfannen, dass d’Schinnen mat Créosote imprägnéiert goufen, enger kriibserreegender, extrem volatiller an ëmweltschiedlecher Substanz Noliesen kann een dat och an engem Dépliant vun der SuperDrecksKëscht® „Retrait et maniement de traverses de chemin de fer“. De Buedem hei ass also kontaminéiert a fir de Bau vun der Streck besteht deemno ee Risiko fir d’Gesondheet vun den Awunner a fir d’Ëmwelt, wann de Creosote an d’Ëmwelt gelaangt. D’Aarbechten un der Vëlospiste hate schonn ugefaangen, wéi d’Ministesch an der virëgter Äntwert bestätegt. Alles wier tiptop, all Etüden an Analysen goufen duerchgefouert an déi „néideg Precautiouns- a Schutzmoossname ginn dobäi konsequent ëmgesat.“, an der Siicht vun der Mobilitéitsministesch. De Projet verleeft och duerch eng Waasserschutzzon a brauch dofir eng Autorisatioun nom Waassergesetz vun 2008. Déi éischt Ofrappaarbechten vun de Schinnen goufen am Mee gemaach. Komescherweis fënnt een um Site vun den Enquêtes publiques awer eraus, dass d’Demande vu Ponts et chaussées eréischt vum 9te Juni 2026 ageleet gouf. (Link: https://enquetes.public.lu/fr/enquetes/6700/6763.html). D’Awunner:innen beriichten doriwwer eraus (an hunn och Fotoen dovunner), dass d’Eisebunnsschwellen, déi erausgerappt goufen, einfach um Buedem gelagert goufen, ouni weidere Schutz. Déi néideg Schutzmoossnamen goufen deemno also net „konsequent ëmgesat.“ Am Géigendeel: eng spezialiséiert Firma aus dem Saarland hätt d’Ofbauaarbechten ouni Schutzmoossnamen ausgefouert. A menger parlamentarescher Fro n°3809 hat ech, zesummen mat de betraffene Awunner:innen, no weideren Informatiounen gefrot. D’Leit, déi nieft dëser Streck wunnen, sinn net géint de Bau vun der Vëlospist, mee wënschen sech, dass de Staat d’Aarbechten esou realiséiert, dass d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun den Awunner konsequent geschützt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini gouf d’Demande d’autorisation EAU-AUT-26-0679 vun der Administration des ponts et chaussées bei der Administration de la gestion de l’eau agereecht?  Wéini gouf déi entspriechend Autorisatioun ausgestallt? A vu wéi engem Datum un war d’Autorisatioun gülteg?

  2. Goufen d’Ofbauaarbechten oder aner Aarbechten un de Gleiser an den Eisebunnsschwellen oder aner Aarbechten an der Waasserschutzzon Beräicher ugefaangen, éier dës Autorisatioun virlouch? Falls jo, zu wéi engen Datumer gouf geschafft?

  3. Wat fir Moossnamen goufe bei den Ofrappaarbechten geholl, fir d’Awunner:innen virun Problemer vun Iwwerschwemmungen a Kontaminatioun ze schützen a goufen dës Schutzmoossnahmen bei den Ofrappaarbechten och zu 100% „konsequent“ duerchgefouert?

  4. Goufen d’Eisebunsschwellen an de Ballast einfach op den oppenen Buedem deponéiert (esou wéi d’Fotoen vun den Awunner et vermute loossen)? Kann d’Ministesch garantéieren, dass déi „konsequent“ „Schutzmoossnahmen“ ëmgesat goufen?

  5. D’Ministeren hu meng Froen aus menger leschter Äntwert net kloer mat jo oder nee beäntwert. Deemno stellen ech d’Fro, mat den neien Informatiounen, déi virleien, nach eng Kéier:  Kënnen d’Ministeren ausschléissen, dass dëse Projet een negativen Impakt huet,  1. op d’Verschmotzung an d’Kontaminatioun vu Buedem, Waasser oder d’Loft ugeet?  2. op d’Gesondheet vun den Awunner:innen? 3. op Iwwerschwemmungen oder d’Erhéijung vum Grondwaasser?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4793

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert