Questions parlementaires
Kontroll vum Transport vu Waffen
Laut engem Wort-Artikel vum 8te September goufen zu Lëtzebuerg dräi Juegdgewierer zesumme mat Munitioun aus engem Gefier geklaut. Dëse Virfall ass bedenklech, well een Zweiwel opkomme léisst, dass dLeit sech un d’Reegelen vum Transport vu Juegdwaffen halen. Grad elo am Hierscht, wou d’Juegdsaison erëm wäert lassgoen, wier et wichteg, fir esou Fäll ze vermeiden. De Fakt, dass Waffen nuets an engem Auto stockéiert goufen, ass ënnert der aktueller Gesetzeslag strofbar. Den Artikel 13 (2) vum Waffegesetz schreift vir, dass d’Waffen nëmmen um kierzeste Wee dierfen transportéiert ginn an ee Verstouss dogéint ka mat bis zu 3 Joer Prisong bestrooft ginn. Donieft gesäit den Artikel 10 vum Juegdesetz vir, datt d’Juegd nëmmen dagsiwwer erlaabt ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Kontrolle vum Artikel 13 vum Waffegesetz betreffend den Transport an d’Opbeware vu Juegdwaffen a Munitioun a Gefierer goufen an de leschte véier Joer duerchgefouert? Wéi vill Verstéiss goufen dobäi festgestallt? Wéi vill Strofen goufen ausgeschwat (Artikel 57 vum Waffegesetz)?
Wéi vill Kontrolle vum Artikel 10 vum Jeegdgesetz betreffend d’Juegdzäiten goufen an de leschte véier Joer duerchgefouert? Wéi vill Verstéiss goufen dobäi festgestallt? Wéi eng Strofen stinn drop, wann een ausserhalb vun den erlabten Zäiten eng Juegd duerchféiert oder mat Waffen rondërem leeft?
QP Nummer 4795
