Connect with us

Questions parlementaires

Verantwortung bei der Sécherheet vu Schoulinfrastrukturen

Een Artikel am WORT vum 13te Juli huet Accidenter duerch onsécher Schoulinfrastrukturen thematiséiert an wéi déi Verantwortlech domadder ëmginn. No engem éischten Accident zu Consdorf 2022 duerch eng Schoulpaart, gouf et 2025 een weideren Accient mat der selwechter Paart, bei deem eng Schülerin eng schwéier Verletzung u senger Hand dovu gedroen huet a bis haut un de Konsequenzen dovunner leidt. D’Wort schreift: „Der Gemeinderat befasste sich damals mit dem Unfall und die Verantwortlichen kamen zu dem Schluss, dass das Tor keine Gefahr darstelle. So steht es im Gemeinderatsbericht vom 3. Mai 2022: Der Vorfall sei gemeldet, das Tor aber bewusst nicht ausgetauscht worden. „Iser Meenung no bleift déi Paart wéi se ass“, lautete der Beschluss des Schöffenrats unter der damaligen Bürgermeisterin Edith Jeitz.“ D’Paart gouf nom leschten Accident letztendlech ofmontéiert. Allerdings bleift d’Fro bestoen, wéi d’Sécherheetsanalyse 2022 zum bewosste Schluss koum, dass d’Paart sécher wier an net misst gewiesselt ginn. D’WORT schreift heizou weider am Artikel: „Auf welcher Grundlage wurde das Tor nach dem ersten Unfall als unbedenklich eingestuft – und warum kam es drei Jahre später erneut zu einem Unfall?“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wien ass am Fall vun engem Accident duerch Schoulinfrastrukturen verantwortlech: d’Gemeng oder de Staat?

  2. Ginn et national Recommandatiounen, Normen oder Kontrollprozedure fir d’Sécherheet vun de Schoulinfrastrukturen? Huet d’Schoulpaart zu Consdorf dës Recommandatiounen respektéiert a falls jo, firwat gouf d’Paart 2022 net ofmontéiert an 2025 dann dach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4804

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert