Kanner & Jugend
ONE an AEF Social Lab

oAn der Fro n°988 gouf gefrot, ob Etüden, Indicateuren oder Prozeduren existéieren, fir d’Aarbecht vum ONE a senge Prestataire ze bewäerten. De Minister verweist hei op d’groussherzoglech d’Gesetz souwéi de Nationaler Rahmenplan der Kinder- und Familienhilfe. An dësem ass Ried vum AEF SOCIAL LAB: PROZESS, DATEN UND EMPFEHLUNGEN.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
An der Äntwert op d’Fro n°1628 erkläert de Minister, dass d’Käschtenentwécklung beim ONE (2022: 144 Milliounen Euro, 2025: 208 Milliounen; also ee Plus vun +44%) zum Deel op eng Erhéijiung vun den Ufroen zeréckzeféieren ass. Kann de Minister heizou méi Detailer liwweren:
• wéi eng 5 Prestatiounen hunn tëschent 2019 an 2024 am meeschten evoluéiert?
• wat waren 2019 déi 5 meescht gefrote Prestatiounen?
• wat waren 2024 déi 5 meescht gefrote Prestatiounen? -
An der Äntwert op d’Fro n°1628 huet de Minister erkläert, dass d’Prestatairen, déi fir den ONE schaffen, reegelméisseg kontrolléiert ginn am Kader vun den Agrémenten.
Wéi vill Mol goufen am Kader vu Kontrollen Irregularitéiten festgestallt?
Wat waren déi heefegsten Irregularitéiten zënter 2019? -
Wéi analyséiert den AEF d’Aarbecht vun de Prestatairen um Terrain?
Wéi eng Indicateure genotzt, fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze bewäerten a falls jo, wéi eng sinn dat? -
Existéieren Zefriddenheetsenquêten vum ONE, bei deenen d’Prestatairen an d’Bénéficiairen zu Wuert kommen an Zuelen erhuewe ginn? Falls jo, wéi eng sinn dat a wou kënnen dës consultéiert ginn?
QP Nummer 1778