Kanner & Jugend
Gratis Kannerbetreiung fir jiddereen mee keng Plaz an der Maison relais

Zënter 2022 ass d’Kannerbetreiung an de Maisons relais Lëtzebuerg gratis, leider net fir jiddereen an och net zu all Zäit. Eischtens, well net all Gemeng genuch Plazen a sengen ëffentlechen Maison relais huet. «Wir werden nicht alle in den Maisons Relais aufnehmen können», esou titelt L’essentiel een Artikel vum 2te Juli 2022. Dat stëmmt haut nach ëmmer. De Minister hat op d’Fro n°6162 geäntwert, dass de Staat keen Abléck op d’Waardelëschte vun de Maisons Relais hätt, well dës vun den eenzele Gestionnairë gefouert ginn. An der Gemeng Péiteng sëtzen ëmmer nach honnerte Kanner op der Waardelëscht. An anere gréissere Gemengen ass d’Situatioun ähnlech. Aus dësem Grond musse vill Familljen op privat Kannerbetreiung zeréckgräifen, also oft bei profitorientéierten Déngschter. Hei leet de Staat awer „just“ maximal 6€ pro Stonn bei. Verschidde Betreiungsstrukturen froen awer mol locker 8 bis 10€ d’Stonn. Mir leien och Kontrakter vir, wou ëmmer de maximale Montant u Stonnen verrechent gëtt, egal ob d’Kanner dës Stonne versuergt ginn oder net. Vill Eltere mussen dann och an de Schoulvakanzen eng kräfteg Schëpp Sue bäileeën, well d’gratis Kannerbetreiung hei net gëllt an d’Staatssubventioun da manner wéi 6€/Stonn bedréit. Verschidden Eltere bezuelen esou iwwert d’Summervakanz iwwert 1000€ de Mount, och wann si déi privat Maison relais net brauchen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gedenkt d’Regierung iergendeppes um nationale Plang z’ënnerhuelen, fir dass d’Kanner am ganze Land Usproch op eng Plaz an der Maison Relais kënnen hunn onofhängeg dovunner, a wéi enger Gemeng se wunnen?
Wäert d’Regierung den Elteren, déi net vun der „Gratis Kannerbetreiung“ profitéiere kënnen, finanziell entgéint kommen, zum Beispill duerch eng zousätzlech Steierreduktioun oder een Ausbezuele vun engem weidere Subside, wann si an eng méi deier privat Struktur musse goen, well keng Plaz an enger Gemengen-Maison-Relais ass?
Wäert de Minister dofir suergen, dass d’Präisser an de private Maisons relais gedeckelt ginn, wann an ëffentleche Betreiungsstrukturen d’Eltere gezwonge sinn, fir hir Kanner an enger privater Struktur anzeschreiwen?
QP Nummer 2156