Kanner & Jugend
Statistiken zur Jugendkriminalitéit

Am RTL-Interview vun haut huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher bemängelt, dass d’Justizautoritéite keng Donnéeën erhiewen a produzéieren iwwert Mannerjäreger, déi a Konflikt mam Gesetz kommen an et hei wéineg kriminologesch Opaarbechtung vun de Fäll gemaach gëtt. Dës Ausso passt an ee Kontext, wou op enger Neijoerschusprooch bemängelt gouf, dass d’Police an d’Justiz net genuch Ressourcen huet, fir effikass kënnen ze schaffen an domadder net all Strofdoten hei am Land kënne verfollegt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Produzéiert d’Justiz Zuelen zur Jugendkriminalitéit?
Falls jo, kënnen dës Zuelen der Chamber oder dem Public presentéiert a verëffentlecht ginn?
Falls nee, aus wéi enge Grënn ginn déi Donnéeën net ausgewäert?
QP Nummer 1755