Kanner & Jugend
Chèque-service Acceuil (CSA) ass ausgelaf

Familljen, wou béid Elterendeeler schaffen, sinn op d’Kannerbetreiung ugewisen, entweder an enger Crèche, enger Maison Relais oder mat engem Assistant parental.
De Staat ënnerstëtzt d’Familljen finanziell hei mam Chèque-service Acceuil (CSA), deen fir vill Familljen ee groussen Deel vun de Käschten iwwerhëllt.
Fir den CSA ze kréien, mussen d’Familljen d’Demande op der Gemeng maachen. Vill Leit vergiessen awer, dass si den CSA all Joers erneiere mussen.
Et gi Fäll, wou Familljen dëst vergiess hunn an dann e puer Méint keen CSA haten an dann de vollen Tarif vun der Kannerbetreiung bezuele mussen, wat dann e puer dausend Euroen op ee Schlag sinn, wat vill Familljen net bezuele kënnen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Ass et méiglech, fir een CSA, deen ausgelaf ass, réckwierkend ze verlängeren?
Falls nee, firwat gouf dat net an de System vum CSA agebaut a wäert dëst gemaach ginn?
QP Nummer 1751