Gemengen & Innepolitik
Asätz wéinst Freedefeier

Virun net allze laanger Zäit war et gudde Brauch, dass op der Silvesternuecht d’Bierger dat neit Joer mat engem private Freedefeier begréisst hunn. Dëse Brauch gouf an de leschte Jore reviséiert, sief et aus Grënn vum Déiereschutz, der bannenzeger Sécherheet oder aus anere Grënn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zum privaten Ofschoss vu Freedefeier?
-
Wéi vill Asätz goufen et an de vergaangene fënnef Jore bei der Police an dem CGDIS a Verbindung mat Freedefeier um Silvesterowend?
-
Wéi vill Fäll goufen et, dass Hausdéieren um Silvesterowend fortgelaf sinn?
-
“In der Silvesternacht ist aufgrund eines Feuerwerkskörpers in einem Gebäude in der Nähe des Auchan in Differdingen ein Brand ausgebrochen.”
Wéi eng Hëllef kréien Proprietairen, déi net doheem waren, an esou Fäll vum Staat?
QP Nummer 1721