Parlamentaresch Froen
Bezéihungen tëschent dem Staat a SpaceX

Et ass gewosst, dass d’Firma SpaceX vum Multimilliardär Elon Musk Geschäftsbezéihungen mat der US-amerikanescher Defense huet. An de leschte Wochen huet de Besëtzer vu SpaceX sech immens an den US-amerikanesche Walkampf agemëscht, woubäi hie selwer op der Plattform X (déi him och gehéiert) Fake News verstreet huet.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Existéiere Geschäftsbezéihungen tëschent lëtzebuergesche Verwaltungen an der Firma SpaceX?
Falls jo,- wéi eng Servicer bezitt de Staat vun der Firma SpaceX a wéi eng Montanten sinn hei am Spill?
- wäert d’Regierung weider dës Bezéiungen bäibehalen, trotz dem Musk sengen Aktiounen a Positiounen?
Fro n°1462
D’Verdeedegungsministesch huet an der Äntwert op d’Fro n°1462 bestätegt, dass et eng Geschäftsbezéihung tëschent dem Lëtzebuerger Staat an der Satellitefirma SpaceX vum Multimilliardär Elon Musk gëtt. Lëtzebuerg setzt hei op d’Servicer vu SpaceX, fir d’Satelliten vum Satelliteprogramm LUXSEOSys an de Weltall ze schéissen.
An de vergaangene Méint huet de Besëtzer vu SpaceX an zukünftege Minister ënnert der Trump-Regierung sech immens an den däitsche Walkampf agemëscht, woubäi hien net zeréckschreckt, fir ëffentlech de Bundeskanzler oder den däitschen Bundespräsident Frank Walter Steinmeier ze beleidegen oder op der Plattform X (déi him iwwregens och gehéiert) Werbung fir d’AfD ze maachen mat eesäitege Kommentaren, ewéi „Only the afd can save Germany.“
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wäert d’Lëtzebuerger Regierung weiderhin op d’Firma SpaceX setzen an hei Milliounen bezuelen, wëssend, dass den Proprietär vun der Firma sech oppen an d’Walen vun europäesche Partnerstaaten amëscht an extrem Positiounen vertrëtt?
Nofro n° 1718