Connect with us

Questions parlementaires

Budgetskierzungen beim TICE

An engem Schreiwes vun der Personalvertriedung vum TICE geet ervir, dass de Mobilitéitsministère déi bestoend Konventioun mam TICE net wéilt verlängeren, wouduerch d’Participatioun bei verschiddene Käschte beim TICE no 2024 net méi géife gedroe ginn. Et steet notamment d’Gerücht am Raum, dass verschidde Buslinnen dann net méi kéinte funktionéieren, wat een Impakt fir den ëffentlechen Transport an de betraffene Gemenge géif duerstellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Mobilitéitsministere bestätegen, dass aktuell Gespréicher mam TICE amgaange sinn? 

  2. Wat erwaart sech de Mobilitéitsministere vun der neier Konventioun?  Wat fir eng Punkte wëll ee vu Säite vum Mobilitéitsministère duerchsetzen? 

  3. Wäert de Minister dofir suergen, dass all d’Buslinne beim TICE, wéi se aktuell bestinn, bäibehale ginn? Falls nee, wéi eng Kierzungen si geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8146

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert