Connect with us

Questions parlementaires

Den Zuch, deen ni koum (Nofro)

A menger Fro n°165 hunn ech op d’Personalsituatioun bei den CFL opmierksam gemaach an d’Ministesch huet eng Rei Informatiounen dozou geliwwert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op meng viregt Fro huet d’Ministesch erkläert, dass nëmmen 2,6% vun den Zich ausgefall sinn, well Personal (Lokféierer oder Zuchbegleeder) gefeelt huet. Dat wiere ronn 260 vun 10000 Zich. Wéi vill Zich sinn ausgefall wéinst Personalgrënn insgesamt (inclus den Absencë vu Lokführer oder Zuchbegleeder)? Wat sinn déi aner Grënn sinn, firwat Zich ausgefall sinn?

  2. Bei de Krankeschäiner ass eng Hausse festzestellen, souwuel bei den Zuchbegleeder wéi och bei den Zuchführer. Dëst ass ëmsou méi erstaunlech, well den Taux d’absentéisme mol net an de Jore vun der Pandemie 2020 an 2021 esou héich war. Méi Krankeschäiner kënnen een Indicateur sinn fir Onzefriddenheet, Onwuelsinn a méi schwieregen Aarbechtsbedingunge vum Personal. Kann d’Ministesch fir den Tableau aus der viregter Fro absolutt Zuelen zu de Krankeschäiner presentéieren (Unzuel un Deeg)? Wéi erkläert d’Ministesch d’Hausse vun de Krankeschäiner?

  3. Zum Personalbestand: Wéi vill Lokführer an Zuchbegleeder waren an de Joren 2020 bis 2023 (opgeschlësselt no Joer) op mannst ee Mol am Statut „inapte“ a konnten deemno net hirer Aarbecht nogoen?  Goufen dës Lokführer an Zuchbegleeder an der Statistik vun der viregter QP n°165 mat agerechent?

  4. Oft kritt een als Passagéier bei Verspéidungen oder annuléierte Verbindungen d’Informatioun, dass „raison opérationnelles“ Schold sinn. Wat sinn déi dräi heefegst Grënn, wa vu „raisons opérationnelles“ geschwat gëtt?

  5. D’Ministech huet annoncéiert, dass een Astellungsprozess lancéiert gouf, fir de Personalbestand z’erhéijen, well an Zukunft méi Zich solle rullen. Wéi vill méi Zich solle bis 2035 zu Lëtzebuerg rullen?  Wéi vill zousätzlecht Personal brauch CFL, fir dat méiglech ze maachen (wann een dovunner ofgesäit, dass autonom fuerend Zich bis 2035 eng Realitéit sollte ginn)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 387

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert